Iwwert ons

D’Wäscherei um Site vum Institut St Joseph zu Betzder ass zoustänneg fir d’Wäsch vum Hébergement a vun all de Servicer zu Betzder an zu Munnerf. Säit Oktober 2012 gëtt och d’Wäsch vun engem Altersheem aus dem elisabeth Netzwierk traitéiert.

De Wäschbuer ass mat senge Maschinnen a Systemer um neiste Stand vun der Technologie an offréiert ee performante Service.

All Kleedungsstéck huet e Matrixcode an ass an der Datebank erfaasst mat Informatiounen zu sengem Besëtzer, senger Matière an dem néidegen Wäschprogramm. Zu all Moment ass et méiglech erauszefanne weem e Kleedungsstéck gehéiert, wéini et an de Wäschbuer erakomm ass, wéi laang et dobanne wor a wéini et rëm erausgaangen ass.

Di ganz Struktur ass esou opgebaut datt och di behënnert Mataarbechter hei, ënnert der Opsiicht vun hire Betreier, autonom kënne schaffen. E moderne Scanning- a Luuchtesystem passt d‘Aktivitéit de Kapazitéite vun de Mataarbechter un an erméiglecht et hinnen sech einfach zurecht ze fannen.

Di behënnert Mataarbechter schaffen an alle Beräicher mat: d‘Scanne vun der knaschteger Wäsch, Wäsch an d’Maschinne man an erem raushuelen, d‘Wäsch sortéieren, falen a strecken, di propper Wäsch scannen a weg raumen.

Kontakt

De Wäschbuer – Yolande Coop s.c.
Institut Saint Joseph
2 rue de Wecker
L-6832 Betzdorf
Plang >>>

T. (+352) 71 93 19-1
F. (+352) 71 95 86
coop@elisabeth.lu

haut de page