Iwwert ons

D’Mataarbechter am SeefenAtelier zu Betzder produzéieren a verpaken di ganz Seefen an dësem Atelier deen ë bëssi wéi e Labo ausgesäit. Engersäits gëtt hei un Hand vun 2 Maschinne Seef mat Kokosfett produzéiert. Anersäits ass Glyzerin den Haaptbestanddeel vun engem anere Produktiounsprozess. Zousätzlech mëschen d’Mataarbechter d’Zutaten fir Flëssegseef a Buedsalz a fëllen se an di entspriechend Behälter. Ënnerstëtzt vun hiere Betreier produzéieren d’Mataarbechter d’Seefe mat den Aromen a Faarwen no de Wënsch vun de Clienten.

Den Atelier schafft ob Bestellung a beliwwert gläichzäiteg de Buttek zu Betzder an och aner Butteker an der Regioun.

De Seefenatelier bidd folgend Produiten un:

  • Flëssegseef fir de Kierper an d’Hänn
  • Seefen am Stéck
  • Kierf mat engem Assortiment vu Produiten aus dem Atelier

All ons Produite gëtt et an enger Vilfalt vun Dofter.

Doriwwer raus si mir drop spezialiséiert d’Produiten op Wonsch vum Client ze personaliséieren.

Ons Seefe sinn ideal fir den alldeegleche Gebrauch awer och fir vill verschidden Occasiounen, wéi zum Beispill:

  • Kanddaf
  • Kommioun
  • Hochzäit
  • Jubiläum
  • Traditionell Fester: Ouschteren, Chrëschtdag, Mammen- a Pappendag, etc.
  • Firmekaddo a Kaddo fir d‘Ënn vum Joer  (zum Beispill mam Logo vun der Firma oder dem Club)

De SeefenAtelier bezitt all d’Inhaltstoffer vun de Seefe vu Gildewerk.

All d’Inhaltsstoffer vu Gildewerk kommen aus nohalteger an artisanaler Produktioun a ginn net op Déiere getest.

De SeefenAtelier schafft no den aktuellste lëtzebuergeschen Hygienesnormen.

Katalog

Entdeckt eise komplette Katalog mat der Gamme vun de Seefen esou wéi de Verpakungsvarianten an de Méiglechkeeten zur Personaliséierung.

Katalog

En Deel vun eise Produite gëtt op Luxcaddy.lu verkaf. Klickt op „Shop online“. Shop online >>>

Verkaafstellen

Buttik SeefenAtelier

2 rue de Wecker
L-6832 Betzdorf
T. (+352) 71 93 19-1

Fir ee Rendez-vous oder fir all zousätzlech Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g.
um T. (+352) 71 93 19-1

Päiperleksgaart Shop

56 route de Trèves
L-6793 Grevenmacher
T. (+352) 75 85 39
papillons@elisabeth.lu
www.papillons.lu

Shop Bäckerei Mondorf

Méindes bis Freides vu 07:00 bis 15:45

6 avenue Marie-Adelaïde
L-5635 Mondorf-les-Bains

T. (+352) 23 61 01 05
klouschterbrout@elisabeth.lu

Luxcaddy Internet Supermarché

Eis Produite bei Luxcaddy

Duerfbuttek "Beim Lis"

7 rue de la Gare
L – 6910 Roodt/Syre
T. (+352) 43 75 15-1
epicerie@beimlis.lu

Luxembourg House

2 rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
T. (+352) 26 26 26 27

Pall Center

2 Arelerstrooss
L-8552 Oberpallen
T. (+352) 23 64 41
contact@pallcenter.lu

Kontakt

De SeefenAtelier – Yolande Coop s.c.
2 rue de Wecker
L-6832 Betzdorf

Plang >>>

T. (+352) 71 93 19-1
seefenatelier@elisabeth.lu

made-in-luxembourg

SeefenAtelier-QRCode---Vcard

Newsletter

* Obligatorescht Feld
haut de page