Iwwert ons

Den Atelier protégé Recycling këmmert sech ëm d’Müllentsuergung um ganze Site vu Betzder.

All d‘Beräicher, siefen dat d’Strukture vum Hébergement, d’Büroe vun der Administratioun oder di ganz Atelieren, sinn ausgestatt mat speziell gekennzeechneten Dreckskëschten déi et de behënnerte Mataarbechter erméiglechen d’Trennung vum Offall efficace ze leeschten.

Den Institut St. Joseph zu Betzder ass och ausgestatt mam Label vun der Superdreckskëscht fir Betriber.

D’Struktur an d‘Oblagen vun der Superdreckskëscht souwéi en interne Faarwesystem bidden de behënnerte Mataarbechter en ideaalt an hire Fäegkeeten ugepassten Ëmfeld.

Kontakt

RecyclingAtelier – Yolande Coop s.c.
Institut Saint Joseph
2 rue de Wecker
L-6832 Betzdorf
Plang >>>

T. (+352) 71 93 19-1
F. (+352) 71 95 86
coop@elisabeth.lu

haut de page