Iwwert ons

D’Mailing Branche riicht sech virun allem u Firmen, ëffentlech Institutiounen, Veräiner a Clibb déi a grousse Menge Post an Dokumenter veraarbechten. Mir bidden de Client’en e komplette Service, deen et hinnen erméiglecht sech deenen Aarbechten z’entleedegen déi e groussen Zäitopwand fuerderen.

D’„Services“ Branche këmmert sech em d’Zesummesetzen a Verpake vu Produiten, Broschüren, Werbekadoen, asw. Ons Offer riicht sech u verschiddene Clientskategorien. Haaptsächlech schaffe mir an dësem Beräich mat Firmen, entweder direkt oder iwwert Publicitéitsagencen.

Onsen Atelier hieft sech ervir duerch seng Professionalitéit a seng Proaktivitéit wat dem Clienten sengen Demanden an Ufuerderungen ugeet. Mir ginn op seng Besoinen an a garantéieren d’Anhale vun den Délaien esou wéi d’Qualitéit vun onser Aarbecht an onsem Service.

Folgend Servicer proposéiere mir:

  • Drécken, Adresséieren, Apaacken a Verschécke vu Courrieren (Deplianten, Bréiwer, Publicitéiten,
    Ticketen, asw.)
  • Zesummestellen a Verpake vun Dokumenter (Farden, Klasseuren,…), Corbeillen a Päck (Broschüren, Publicitéitskadoen, Kaddoe fir d´Enn vum Joer, asw.)
  • Numereschen Drock an alle Formater (bis SRA3)
  • Invitatiounen, Remerciementer, Bäileedskaarten, asw.
  • Scanne vu Photoen an Dia (op CD/DVD)

Servicer

Mir adaptéieren eis Servicer no Äre Besoinen. Kontaktéiert eis fir eng détailléiert Berodung an en Devis.

Kontakt

Mailing & Services – Yolande Coop s.c.
6 rue Marie-Adelaïde
L – 5635 Mondorf-les-Bains
Plang >>>

T. (+352) 23 61 09 14
F. (+352) 27 68 71 55
mailingatelier@elisabeth.lu

made-in-luxembourg

Fir ee Rendez-vous oder fir all zousätzlech Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g. um
T. (+352) 23 61 09 14

Mailing-&-Services-QRCode---Vcard

Newsletter

* Obligatorescht Feld
haut de page