Iwwert ons
D’Bäckerei zu Munneref zeechent sech duerch hier Bakwueren aus, déi op traditionell Aart a Weis an op Basis vu natierlechen Zutaten zoubereed ginn.
Dësen Atelier baakt op Bestellung haaptsächlech fir Institutioune wéi Maison Relais‘en, Crèchen, Altersheemer, sozial Institutiounen awer och fir Hoteller a fir eng Tankstell. De Chauffeur beliwwert zesumme matt de behënnerte Mataarbechter di ganz Clientèle an der Regioun.
Fir eis privat Clientele hu mir e Shop zu Munneref um Site vum Centre pour personnes handicapées à Klouschter. De Shop ass vu Méindes bis Freides op.
Fir speziell Geleeënheete bidd d’Bäckerei och Pains surprise a Kuche verschiddenster Aart un.
Op Commande bidd d‘Bäckerei:
- Klouschterbrout
- Kärebrout
- Steenuewe Wäissbrout
- Bréidercher
Dann gëtt et och:
- Olivenbrout
- Kaffiskichelcher
- Hiefegebäck
- Gefëllte Streisel
- Taarten
- Petits fours
- Kuche fir Gebuertsdeeg, Hochzäiten, asw.
- Bakwueren, déi sech no der Saison riichten, wéi „Boxemännercher“ oder Stollen
Eiser Bäcker-Pâtisseur beréit Iech gär.
Verkafstellen
Méindes bis Freides vu 07:00 bis 15:45
Klouschterbrout
6 avenue Marie-Adelaïde
L-5635 Mondorf-les-Bains
T. (+352) 23 61 01 05
klouschterbrout@elisabeth.lu
Mir verkafen eis Produiten och op folgende Plazen:
Jardin des Papillons
56 route de Trèves
L-6793 Grevenmacher
T. (+352) 75 85 39
beim Lis Duerbuttek & Duerftreff
7 Rue de la Gare
L – 6910 Roodt-sur-Syre
T. (+352) 43 75 15 1
Eis Epicerie Soleuvre
2 Rue du Knapp, 4465
L-4445 Soleuvre
T. (+352) 26 59 44 23
Station Aral
124 route du Vin
L-5440 Remerschen
Kontakt
Klouschterbrout – Yolande Coop s.c.
6 avenue Marie-Adelaïde
L-5635 Mondorf-les-Bains
T. (+352) 23 61 01 05
klouschterbrout@elisabeth.lu
Fir ee Rendez-vous oder fir all zousätzlech Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g. um
T. (+352) 23 61 01 05

Newsletter
